Cookie Warnung

Akzeptieren Für statistische Zwecke und um bestmögliche Funktionalität zu bieten, speichert diese Website Cookies auf Ihrem Gerät. Das Speichern von Cookies kann in den Browser-Einstellungen deaktiviert werden. Wenn Sie die Website weiter nutzen, stimmen Sie der Verwendung von Cookies zu.

DJ Mape


Impulse-Logo

DJ Mape | Impulse-Events


Den DJ Mape ass eisen offiziellen DJ deen op all Party fir

déi beschte Stëmmung suergt. Ugefaangen huet hien am Alter vun

13 Joer. 2015 huet hien sech déi éischte Kéier

getraut op senger eegener Silvesterparty virun sengen

Kolleegen an Invitéen opzeleeën. Duerch vill üben an mat vill

Motivatioun ass d’Demande fir privat Partyen gewuëss. Duerch Kontakter

wou hien sech lues a lues gemaach huet, konnt hien dunn och

déi éischte Kéier am Copper's um Belval opleeën. Mat weiderhin vill

Üben ass dëst och weider gaangen an hien huet sech lues

erlues säin Numm am Lëtzebuerger Nuetsliewen gemaach.

Hautesdaachs spillt hien an villen Baren, Clubs awer och Baler zu

Lëtzebuerg an och e deels am Ausland. Mee

net nëmmen a Clubs fënnt een hien mëttlerweil,

mee och op villen Privat Partyen oder Hochzäiten ass hien

vertrueden.



Locations wou den DJ Mape fir déi richteg Stëmmung gesuergt

huet:

-Big Beer Company

-Copper's Belval

-Fabrik

-Hitch

-Jakob's House

-Klex (DE)

-Le Nautilus (FR)

-Melusina

-Niwo (DE)

-Schräinerei

-The Tube

-Urban Belval

-Verso

-White Luxembourg